Beaver

 

Wellef

 

Scouten/Guiden

 

Explorer

 

Rover

 

Comité

 

Amicale
 

W e e   s i   m i r ?


D'Dippecher Dachsen si Scouten a Guiden vun der FNEL

D'FNEL ass di laïzistesch Scoutsorganisatioun vu Lëtzebuerg.
Solidaritéit, Toleranz an Demokratie si Werter zu deene mir stinn.
Frendschaft, Spill a Spaass, an Benevolat si Begreffer déi ontrennbar vum Scoutissem sinn.

D'Ziel vun der FNEL ass, dat di jonk Leit hir eegen Entwécklung selwer an d'Hand huelen fir dat si selbstänneg, responsabel an engagéiert Biirger ginn.

Mir baséieren eis op d'Scoutsmethod : dem « Learning by doing », engem progressiven an dem Alter ugepasste Programm, dee sech virun allem an der Natur ofspillt, an am Zesummeliewen a klengen Equipen.

Zur Scoutsmethod, no den Iddiën vum Robert Baden-Powell, gehéiert och d'Scoutsverspriechen an d'Scoutsgesetz.
De Scout engagéiert sech fräiwelleg fir d'Werter an Zieler vum Scoutissem. Säi « Gesetz » ass keen Zwang, mee weist him d'Zieler déi mir ustriewen.

De Baden-Powell huet dat Wichtegst vum Scoutissem esou charakteriséiert:


« But the real way to get happiness is by giving out happiness to other people. Try and leave this world a little better than you found it.. ».  

Hei e klenge Video iwwert de Robert Baden Powell, de Grënner vum Scoutismus:

Lescht mise à jour: 28/04/2007 

 

 

© nathalietull.com / Christoph Dederichs / Benoît Theisen 2005